Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen
Maerzeger Schoul

Home

Login


Agenda


30.03: Vacances de Pâques
01.04: Lundi de Pâques
01.05: La fête du Travail
09.05: Journée de l'Europe
09.05: Jour de congé pour l'Ascension

Kalenner
21.11.2023

Zirkusprojet mam Circus ZappZarap : SAVE THE DATE



Heimat kënnege mir Iech eisen Zirkusprojet un, dee vum 1. bis de 6. Juli 2024 an
der Mäerzeger Schoul an Zesummenaarbecht mam Zirkus ZappZarap stattfënnt.


Déi ganz Woch trainéieren d’Kanner a gemëschte Gruppen eng Nummer fir um Enn vun der Woch
hier Konschten an Tricker dem Publikum am Zelt ze weisen.


Méi Informatiounen iwwert den Zirkus ZappZarap fannt dir op dësem Link:
https://zappzarap.de/

23.07.2023

Neie Fairtrade Video 2023



Am Kader vun de Fairtrade Wochen 2023 huet d’Mäerzeger Schoul dësen neie Video gedréint. Ganz besonnesche Merci un dat jonkt Kamera- a Produzenten-Team!

01.06.2023

Neit Buch



An Zesummenaarbecht mat EducDesign huet eis Klass C2.2 Joffer Fabienne ee Buch geschriwwe wat elo deemnächst an d‘Dréckerei geet an och als Buch ka kaaft ginn.

02.03.2023

Tech Woch



Vum 31. Januar bis den 10. Februar stoung an der Mäerzeger Schoul alles ënnert dem Motto Tech Woch.


All d'Klassen, vum Cycle 1 bis de Cycle 4, hu wärend 2 Wochen u Workshops mat eisem ICN deelgholl. Alles huet sech ëm d'Codéieren an ëm d'Medien allgemeng gedréit.


Kuckt iech hei de Video mat Andréck vun der Tech Woch un.